R.I.P.

Mer bedauere matzedeelen, dass de René Hilbert, laangjärege President a
Weebegleeder an der Geschicht vun der LMI, an engem trageschen
Accident am Iran, den 12.10.2023 ëm d’Liewe komm ass.

Säi Wëssen a seng Kompetenz hunn hien ausgezeechent, an huet dës 
agesat fir d’Sécherheet vun de Motosfuerer, dat op nationalem, grad esou
ewéi op europäeschem Niveau. Als Matbegrünner vun der FEMA zu  
Bréissel, a sengem joerzéngtelaangem Asaz als President vun der LMI, 
huet de Ren sech ënner anerem positiv abruecht an den Aarbechtsgrupp 
vum Transportministère, dëst speziell fir méi sécher 
Stroosseninfrastrukturen an e bessert Zesummeliewen am alldeegleche 
Verkéier.

Seng grésst Leidenschaft war d’Bereese vun der Welt um Moto.  
Südamerika, Japan, mee speziell de Mëttleren Osten haten et him
ugedoen. Dës Kulturen an hier Gewunnechte mat geniale Fotoen a gutt
recherchéierte Commentaire festgehalen, ënnermoolt mat Witz, esou
konnt en de Ren op senge méintelaange Reese begleeden.

De Ren hannerléisst seng Frëndin Anne, dat am Accident schwéier
blesséiert gouf, seng Schwëster an d’Famill.

Hinnen all eist häerzlechst Bäileed.